Mir schafen Zukunft
Léif gréng Frëndinnen a Frënn,
Wéi gutt mir an eisem Alldag liewen, entscheet sech ganz oft direkt virun eiser Hausdier. Eng gutt Noperschaft, wou een sech respektéiert, aushëlleft, ënnerstëtzt, een sech wuel a sécher fillt. Eng Uertschaft oder e Quartier, wou een sech begéint, wou een sech ze fouss oder mam Vëlo ka weider beweegen, wou een am Aklang mam Klima an der Ëmwelt lieft, mat propperer Loft, klorem Waasser a gesonde Bëscher.
Vill vun de groussen Erausfuerderungen déi eis all heibanne beschäftegen hunn hire Nidderschlag an der kommunal Politik: d’Schafung vu bezuelbarem Wunnraum, d’Sécherstellung vun enger gudder Kannerbetreiung, de Schutz vun eise Liewensgrondlagen, der sozialer Gerechtegkeet an dem Zesummeliewen. Dobäi kommen d’Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert: d’gerecht Ressourceverdeelung, de Klimaschutz an d’Energietransitioun – an déi kënne just an engem gemeinsamen Effort lokal, national an international gemeeschtert ginn.
Konfrontéiert mat all den Erausfuerderungen, déi ech elo opgezielt hunn, kann een de Kapp rëselen, d’Noriichten ausschalten a ewechkucken oder frustréiert de Kapp an de Sand stiechen. Déi lescht Méint hu gewisen: Mir kënnen dëst Defisen an de Grëff kréien, wa mir entschlossen handelen, wa mir zesummestinn a wa mir eis géigesäiteg ënnerstëtzen.
Mä, léif alleguer, mir ginn eist awer net zefridden domat, just Reparaturbetrib vun akute Krisen ze sinn. Mir wëlle fir d'Zukunft virsuergen. Mir sinn iwwerzeegt: als Biergerinnen a Bierger hu mir eng kollektiv Fäegkeet, fir eis Zukunft, eist Liewen, eist Zesummeliewe selwer ze gestalten.
Zukunft geschitt net einfach sou. Mir schafen Zukunft. Zukunft entsteet mat den Entscheedungen, déi mir haut treffen.
Mir wëlle mat Courage virugoen an déi noutwenneg Verännerung erbäiféieren. Mir wëllen zesummen un enger Zukunft schaffen, déi allen hei liewende Mënschen e gutt a fräit Liewen erméiglecht.
An dëst Joer zielt et: Bis 2030 – an deemno virun allem an der nächster Amtsperiod – entscheet sech, ob a wéi mir eng liewenswäert an nohalteg Zukunft schafen. Dorëms geet et, wa mir den 11. Juni dozou opgeruff sinn, bei de Gemengewalen eis Kräizer ze maachen.
Zukunft schafen, dat heescht virun allem eis Liewensgrondlagen erhalen. D’Klimakris ass eng Gefor fir eise Planéit a fir eist Zesummeliewen, wéi mir et haut kennen. Och bei eis am Land si mer ëmmer méi heefeg mat extreme Wiederen, ewéi den Hëtztwellen, Dréchenten, Iwwerschwemmungen, konfrontéiert.
Eng intakt Natur, dat ass fir eis méi ewéi just en Nice-to-Have, méi ewéi just en schéinen Ubléck, un dem mir eis erfreeën. Eng intakt Natur, dat ass Grondlag vum Liewen, d’Grondlag vun eiser Zukunft.
Mat der Aféierung vum Naturpakt hu mir de Gemengen a Stied déi néideg finanziell Mëttel ginn, fir zesummen eis wäertvoll Natur gedeien ze loossen. Fir eng erfollegräich Ëmsetzung brauch et landeswäit Kommunalpolitiker*innen, déi den Asaz géint d’Biodiversitéitskris endlech sérieux huelen an Naturschutz richteg upaken. Et brauch Politiker*inne wéi eist Josée, wat dofir gesuergt huet, datt Beetebuerg haut beim Naturpakt landeswäit op der éischter Plaz steet.
Als gréng setze mir eis an den nächste 6 Joer dofir an, dass eis Gemengen a Stied sech déi néideg Mëttel ginn, fir géint d’Zerstéierung vun eisen natierleche Liewensraim virzegoen an eis natierlech Ressourcen ze erhalen.
Do wou mer an der Verantwortung sinn, riichte mir gréng Ceinturen an eisen Uertschaften an a verbanne Gréngflächen, fir naturno Korridoren ze schafen, déi d’Biodiversitéit stäerken an den Drock op eis Plazen an Aarte reduzéieren. Mir maachen onnëtz Buedemversigelung réckgängeg a bedeelegen eis um Schutz vun nationalen Naturschutzgebidder. Wäertvoll lokal Naturlandschafte weise mer als kommunal Schutzgebidder aus. Mir schütze kommunal Bëscher, andeems mer geziilt Verjéngungsmoossnamen am Bësch ënnerstëtzen an a Zesummenaarbecht mat der Natur- an der Forstverwaltung e Monitoring iwwert d’Auswierkunge vun der Klimakris op de Bambestand sécherstellen.
Do wou, grénger um Rudder sinn, do gestalte mir eis Gemengen a Stied méi naturno. Do ginn ëffentlech Plazen ewéi Spillplazen, Schoulhäff an och Parkplaze begréngt a mat heemeschen a standuertgerechte Beem a Hecke beplanzen. Do ginn natierlech Biotopen an den ëffentleche Raum integréiert. All dat dréit dozou bäi, dass eis Noperschafte méi klimaresilient ginn.
Mir suerge fir géint Hëtztwellen a Wiederextremer mat méi gréng a manner Bëtong an eisen Uertschaften. Mir denken un eis Vigel a Fliedermais, Wëllbeien, Igelen a stellen Naschthëllefen zur Verfügung. Mir erhalen eis kommunal Drénkwaasserquellen. Mir stoppen d’Verschmotzung vun eisen natierleche Liewensgrondlagen, z.B. andeems mir komplett op gëfteg Pestiziden um gesamten Territoire vun eise Gemengen a Stied verzichten.
Wa mir eise Kanner en liewenswäerte Planéit erhalen an e Liewen a Selbstbestëmmung a Fräiheet erméigleche wëllen, musse mer alles dru setze fir d’Äerderwiermung op 1,5 Grad ze begrenzen. Et gëllt, an deenen nächste puer Joer mat voller Kraaft ze handelen an déi eemoleg Chancë vun eiser Generatioun ze notzen, fir eis Energieversuergung dauerhaft propper, sécher a bezuelbar opzestellen. Den Iwwergang zu Eegeproduktioun a Eegeverbrauch stäerkt eis Fräiheet an eis Resilienz, well et eis onofhängeg mécht vun Ueleg a Gas aus dem Ausland. Mir schützen eise Wuelstand an d’Zukunftschancë vun eiser Ekonomie, wa mir Nohaltegkeet zur Basis vun eisem Wirtschaftsmodell maachen.
Fir déi nächst sechs Joer hu mir den Éiergäiz an d’Verantwortung, déi ugefaangen Transitioun weider ze beschleunegen. Mam Klimapakt 2.0 hu mir dofir gesuergt, dass d’Gemengen a Stied däitlech méi finanziell Mëttel a Berodung kréie fir dës wichteg Aufgab unzegoen. Elo brauch et de feste politesche Wëllen, dës Méiglechkeeten och konsequent ze notze fir eis Gemengen a Stied schnellstméiglech klimaneutral ze maachen an op 100% Erneierbar Energien ëmzeklammen.
D’ëffentlech Hand muss do mat guddem Beispill virgoen! Dofir wëlle mir dofir suergen, dass an Zukunft op all gëeegenter kommunaler Fläch - Diecher, Fassaden, Parkplazen, asw. – Solarenergie produzéiert gëtt, selbstverständlech och mat Bedeelegung vu Bierger*innen an Energiekooperativen.
Do wou mir an der Verantwortung stinn, rëschte mir konsequent d’Heiz- a Killsystemer an ëffentleche Gebaier ëm a verzichte komplett op fossil Energien, zugonschte vu Solarthermie, Wärmepompelen a klimafrëndleche Fern- a Nahwärmenetzen. Mir wëllen och endlech flächendeckend Schluss maache mat der Absurditéit, dass anno 2023 ëmmer nach vill Bautereglementer an aner kommunal Virschrëften den Ausbau vun Erneierbare bremsen.
Zukunft schafen, dat bedeit natierlech och, dass mir eis klimaneutral fortbeweegen. Haut si ronn d’Hallschent vun den Deplacementer, déi mir an eisem Alldag maachen an Zesummenhang mat eiser Aarbecht. Fir déi, déi sech dofir méi ewéi 5 km deplacéiere mussen, do ass et virun allem um Staat fir mat ëffentlechem Transport, intelligenter Verkéiersplanung a bequeemer Multimodalitéit e gudde Kader ze ginn.
Dee Beräich hu mer an deene leschten 10 Joer revolutionéiert a mam PNM2035 hu mir eng Visioun virgeluecht, wéi mir fir dat nächst Joerzéngt virugoe wëllen.
D’Hallschent vun eisen alldeeglechen Deplacementer sinn aner Deplacementer, oft méi kuerz ewéi 5 km. Haut ginn ëmmer nach 2/3 vun dësen Deplacementer mam Auto gemaach, obwuel Alternativen ewéi zu fouss oder mam Vëlo méi effikass, méi gënschteg, méi gesond an oft och méi séier sinn. Hei schwätze mer vun deenen Deplacementer, déi an eiser Noperschaft, eisem Alldag geschéien. Do ass et virun allem un eise Gemengen, fir allen Mënschen, a besonnesch Kanner, Seniorinnen a Senioren, a Mënsche mat ageschränkter Mobilitéit eng bequeem, sécher a propper Alternativ zum Auto ze offréieren.
D’Iddien an d’Kompetenz fir déi Offer ze maachen, léif Frëndinnen a Frënn, dat ass Kärkompetenz vun eis gréngen, dat ka keng aner Partei esou ewéi mir. Dat hu mer gewisen. Domat schafe mir Zukunft. An doru wëlle mir och an Zukunft schaffen. Gréng wiele bei de Gemengewalen, dat ass wiele fir Verkéiersberouegung besonnesch an de Wunnquartieren, andeems mir Duerchgangsverkéier zréckdrängen, flächendeckend Tempo-30 Zonen aféieren an en zesummenhänkende kommunalen a regionale Reseau vu sécheren a méiglechst vum motoriséierte Verkéier getrennte Foussgänger a Vëlosweeër.
Ëmmer méi Mënsche sinn an deene leschte puer Joer op de Vëlo ëmgeklommen. Dat ass och e Verdéngscht vun eiser Politik. Trotzdeem brauch et nach méi Efforten, fir grad fir Vëlosfuerer déi richteg Infrastrukturen ze schafe fir sech am Alldag bequeem a sécher fortzebeweegen.
Do wou mir an der Verantwortung sinn, këmmere mir eis ëm eng gutt Signalisatioun vun de Weeër, mir suerge fir sécher, dreschen an ofschléissbar Vëlosstellplaze bei ëffentleche Gebaier, Spillplazen, Sportsterrainen, Garen a Busarrêten. Mir stellen an de kommunale Virschrëfte sécher, dass bei neie Gebaier systematesch Vëlos-Stellplaze matgeduecht a matgebaut ginn. Grad och bei de klenge Probleemer vum Alldag, z.B. bei de Baustellen, denke mer d’Alternative fir d’Foussgänger a Vëlosfuerer direkt mat a weisen se richteg aus.
Wa mer och an Zukunft Wuelstand schafe wëllen, da brauche mir dofir eng staark, diversifizéiert an innovativ Ekonomie, an där Nohaltegkeet a Klimaneutralitéit zu Grondprinzippie vun der ekonomescher Aktivitéit ginn. Dofir brauche mir och innovativ kleng a mëttelstänneg Betriber an nohalteg Offeren am Commerce de proximité, am Tourismus, am Handwierk an an der Industrie, mat verstäerkt lokalen a regionale Kreesleef.
Als gréng ënnerstëtze mir dat op kommunalem Plang, z.B. andeems mer bei ëffentlechen Ausschreiwunge vun der Gemeng de Prinzippie vun der Kreeslafwirtschaft Rechnung droen a geschlosse Produktkreessleef, déi op Offall verzichten, prioriséieren. Oder andeems mir mat lokalen Akafsbongen en Deel vun der Wäertschöpfung am lokalen Eenzelhandel an an der lokaler Gastronomie halen.
Ee vun den Haaptgrënn, wisou haut Mënsche keen eegene Betrib opmaachen, sinn déi deier Loyere fir Commerce-Flächen. Déi suergen och ze oft dofir, dass innerstädtesch Commercen an d’Laberente kommen. Fir d‘Duerfkären an d‘Stadzentren ze beliewen, wëlle mir mat finanzielle Primmen den Etablissement vun nohaltegen innovative Geschäfter ënnerstëtzen an dofir suergen, dass d’Gemenge geziilt selwer fräistoend Flächen opkafen an zur Verfügung stellen, z.B. iwwert kommunal bedriwwene Pop-Up-Geschäfter. Mir wëlle konsequent géint eidelstoend kommerziell Fläche virgoen, z.B. mat enger kommunaler Besteierung.
Komme mer zum Logement, engem vun den entscheedende Facteuren, déi eis Zukunftsfäegkeet ausmaachen. Grad hei hu mer et mat engem Beräich ze dinn, wou joerzéngtelaang wéinst feelendem Courage vu politesche Responsabelen net genuch geschitt ass. All déi Feelentwécklunge loossen sech an enger Legislaturperiod léisen. Mä mir hunn an deene leschte 5 Joer de gesamte gesetzleche Kader vun der Logementspolitik op de Leescht geholl an iwwerschafft. An grad an de leschten Deeg huet den Henri Kox op de Logementsassisë gewisen, wéi mir gréng virginn. Dialogbereet an op der Sich no faire Kompromësser am Interessi vun de Leit.
Fir an Zukunft d‘Grondrecht op e wierdegt a bezuelbaart Doheem ze garantéieren, egal op an der Locatioun oder am Eegenheem, mussen all d‘Akteueren an eisem Land – a besonnesch de Staat an d’Gemengen - séier a konsequent ëffentleche bezuelbare Wunnraum schafen. Dozou engagéiere mir gréng eis aus Prinzip, iwwerall wou mir d’Méiglechkeet hunn, matzegestalten.
Mir mierken awer grad beim Logement, dass eis Gesellschaft stänneg am Wandel ass, an domat och d’Bedürfnisser sech änneren. Mir gesinn, dass Mënschen och op neien Aart a Weisen zesummenzeliewen, a Wunngemeinschaften, a Wunnkooperativen. Oder sech bewosst vum bestoende Konsum- a Liewensmodell ofwenden, an sech hir doheem an Tiny Houses oder Modularbauten ariichten. Dës innovativ Forme vun Zesummeliewe wëlle mer an Zukunft nach méi staark ënnerstëtzen, z.B. andeems mir hinnen iwwert déi kommunal Bautereglementer erméiglechen, hire Wunnsëtz an der Gemeng unzemellen. Oder andeems mir Wunn- a Baukooperative bei der Sich no Terrainen ënnerstëtzen an administrativ Hürde fir si ofbauen.
Eng héich Liewensqualitéit fir jiddereen, onofhängeg dovunner, wéi vill se verdéngen an wou se wunnen, muss eist Zil sinn. Mir musse sécherstellen, dass eis Gemengen a Stied zu enger lieweger, fräier an inklusiver Kulturlandschaft bäidroen, déi Mënschen zesummebréngt. Mir musse sécherstellen, dass all d’Biergerinnen Zougang zu enger Villzuel u Méiglechkeeten hunn, fir hir Fräizäit ze gestalten. Dofir brauche mer en liewegt Veräinsliewen, wou Mënsche beienee kommen an sech austauschen. Wou Mënsche fireneen do sinn, an esou hiert Soziaalt Netz vergréisseren.
Dëst Netz ass wichteg fir een a schwéieren Zäiten opzefänken. An och do huet d’Gemeng erëm eng Verantwortung. Mat gutt opgestallten Offices socialen an de néidege finanzielle Mëttele fir op d’Besoine vun de Mënschen anzegoen. Mat Logements de nécessité, falls emol eng Urgence ass an eng Famill keen Daach iwwer dem Kapp huet. Mat Subventiounen an dem richtege Mooss u sozial gestaffelten Hëllefen, fir beispillsweis do ze ënnerstëtze wann de Budget knapp gëtt fir neit Sportsmaterial.
Eng héich Liewensqualitéit, dat bedeit och e Liewen a Sécherheet. Lëtzebuerg ass eent vun de sécherste Länner vun der Welt. Déi allgemeng Kriminalitéitstauxen an och d’Tauxen iwwert d’Gewaltuwendung géint Persounen si réckleefeg. Dat läit och un der gudder Aarbecht vu Police a Justiz. Trotzdeem belaaschten Abréch, Gewaltdoten, Haassverbriechen an organiséiert Kriminalitéit Affer an hir Famillje schwéier.
An deenen nächste Méint wäerte verschidde Parteien a Politiker mat vill Klamauk versichen, Kapital aus dem Onsécherheetsgefill ze schloen. Mä d’Sécherheet vun eisem Land an de Schutz vun eise Grondrechter sinn eng Daueraufgab, déi sech net mat Parole vu gëschter a mat Symbolpolitik léise léisst.
Mir suerge fir Sécherheet an eise Gemengen a Stied mat enger ganzheetlecher Politik, déi Ursaache fir Kriminalitéit wierksam a präventiv bekämpft, déi konkret Geforen zilgeriicht ofwierkt, déi Grondrechter viru Beanträchtegung schützt an eng effizient a verhältnisméisseg Strofverfolgung sécherstellt.
Dofir stäerke mir op nationalem Niveau d’Mëttel vu Police a Justiz, an engem Ausmooss den eenzegaarteg ass an der Geschicht vun eisem Land. Op kommunalem Plang stäerke mir d’Sécherheetsgefill andeems mer eis Noperschafte stäerken, andeems mer eis ëffentlech Plaze geziilt ëmgestalten a beliewen, fir Angschtraim ze verhënneren a Raim fir d’Zesummekommen an fir d’Kenneléieren an der Noperschaft ze schafen. An andeems mir an Zesummenaarbecht mat der Police an allen betraffenen Acteure lokal Sécherheetspläng op de Wee bréngen, déi Risikofacteuren identifizéieren a Léisungen ubidden.
Liewensqualitéit, dat ass och d’Fërderung vun enger gudder Gesondheet an dem Wuelbefannen. Mir wëllen eng Gesondheetsversuergung, déi net nëmme gutt erreechbar ass, mä och präventiv an inklusiv ass. Mir mengen, dass staark Gemengen och gesond Gemenge sinn!
Dofir erhalen an erweidere mir attraktiv Noerhuelungsgebidder, Parken a Bëscher a gestalten d’Uertschaften esou, dass een sech gären un der frëscher Loft beweegt. Mir garantéieren d’Recht op Rou a gi konsequent géint Liichtverschmotzung vir.
Well mer der Meenung sinn, dass egal ob an der Stad oder um Land, jiddereen e Recht op eng qualitativ héichwäerteg an erreechbar Grondversuergung huet, setze mer eis fir d’Usiidlung vu kommunalen oder regionale Centre médicalen an, an ënnerstëtze bei der Sich no gutt accessibele Praxen.
Mir gréng wëssen och, ewéi wichteg Bildung, gutt Schoulen an eng gutt Kannerbetreiung fir d’Zukunft sinn. Mir setzen eis a fir Schoulen, déi motivéieren a Spaass maachen. Schoulen, déi Chancëgläichheet an individuell Fërderung garantéieren an an deenen d’Kanner Fäegkeeten erwerben, déi se fir eng erfollegräich Zukunft brauchen.
Mir stäerken d’Roll vun den Elteren an ënnerstëtzen den Opbau vu Partnerschaften tëscht Léierpersonal, edukativem Personal, Elteren an der Gemeng. Mir wëllen Elteren entlaaschten, déi Schichte schaffe mussen, andeems mer méi flexibel Betreiiungsoptiounen ubidden, an der Gemeng oder am regionalen Zesummeschloss vu verschiddene Gemengen. Mir garantéieren d’Schafe vu genuch Beitreingsplazen, setzen eis fir naturno Crèchen a Maisons Relais an, waachen driwwer dass d’Infrastrukturen esou gebaut sinn dass Kaméidi, Beweegung, Rou a Reckzuchsuerter hier fest Plaz fir eis Kanner hunn.
An deene leschte Joren hu mir däitlech gespuert, dass mat zouhuelende Krisen an Erausfuerderungen och d’Vertrauen an eis Institutiounen op d’Prouf gestallt gëtt. Dat ass eng Entwécklung, déi eis grénge besonnesch Suerge mécht. Vertrauen an eis Demokratie stäerken, heescht Vertrauen an eis selwer stäerken, an eis eege Capacitéit, eis Zukunft, eist Liewen, eis Zesummenliewe selwer ze gestalten.
An genee dat wëlle mer mat grénger Gemengepolitik erreechen. Mir wëllen eis Matmënschen an eise Gemengen a Stied dozou encouragéieren, sech aktiv an der Gestaltung vun hirer Zukunft ze bedeelegen. Eréischt wann ënnerschiddlech Meenungen zesummekommen, wa mer d’Sich no gemeinsame Léisunge mat verschiddene Vuen a Liewenserfarunge beräicheren, komme mer zesumme virun.
Grondviraussetzung fir echt Bierger*innen-Bedeelegung ass eng transparent an oppe Kommunikatioun mat de Bierger*innen. Op diverse Kanäl, a liichter Sprooch a Gebäerdesprooch, ugepasst un d’Internationalitéit vun eiser Bevëlkerung. Kommunikatioun heescht d’Bierger*innen ofhuelen, abannen, informéiere mee och Plaze gi fir nozelauschtere – dat ass eist Selbstverständnis vu moderner Participativer Kommunalpolitik.
Dank den digitale Méiglechkeete kënnen d’Gemengen d’Bierger*innen haut, méi ewéi je abannen. Zum Beispill mat innovative Forme vun direkter Demokratie, ewéi z.B. Bierger*innen-Réit a -Budgeten, déi et den Awunner*innen erlaben, eege Projete fir d’Verbesserung vum Liewensëmfeld a vum Zesummeliewe virzeschloen a matzëentscheeden. An och mat finanzieller an administrativer Ënnerstëtzung fir déi Mënschen, déi sech an eise Gemengen zesummendinn, fir konkret Verännerung an hirem direkte Liewensëmfield erbzewäierken. An Gemeinschaftsinitiativen, Kooperativen oder a lokalen Transitiounsbeweegungen.
Dat alles an nach villes méi si fir eis liewenswäert an zukunftssécher Gemengen. An deene mir am Aklang mat der Natur liewen an eng héich Liewensqualitéit fir jidderee bidden. An deenen sech jidderee sécher a wëllkomm fillt, onofhängeg vun der Hierkonft, dem Geschlecht oder dem soziale Status. Gemengen a Stied, déi d’Besoine vun de Leit an de Mëttelpunkt vun hirem Schafe stellen an op eng nohalteg Zukunft hischaffen.
An mir gréng mat eisem Politikstil gi gebraucht, fir un där Zukunft ze schafen. Haut méi ewéi jee. Well mer net de Kapp an de Sand stieche virun Erausfuerderungen. Well mir gestalte wëllen. Well mir nolauschteren an den Dialog sichen.
Well mir eng Partei sinn, mat erfuerene Kommunalpolitiker*innen, mat leidenschaftleche Majoritéitsleit déi an de leschte Joren a Joerzéngten hier Gemenge méi gréng, méi nohalteg, méi zukunftssécher gestalt hunn. Mat devouéierten Oppositiounspolitiker*innen, déi hier d’Politik vun de Gemengeresponsabele konstruktiv a kritesch begleet hunn. Mat ville jonke Mënsche mat neien Iddien a mat vill Gestaltungsdrang!
Ob Land oder Stad, op Majoritéit oder Oppositioun, ob erfueren oder nei dobäi : DIR ALLEGUER sidd d’Changemaker, sidd d’Verännerer, sidd d’Gestalter vun der Zukunft. Eng Zukunft déi gréng Politik brauch. Eng Zukunft där mer ambitionéiert, mat vill Häerzblutt an Engagement, mat gréngen Iddien a Konzepter entgéint kucken.
Dës Iddien, Konzepter, Proposen, spréch gréng politesch Fuerderunge fannt der an eisem grénge Gemenge Kader Walprogramm 2023. Dëse gouf gemeinsam mat iech ausgeschafft, diskutéiert a geformt. Haut ass den Dag wou mer dësen demokratesch amendéieren an ofstëmmen. Iech all elo schonn e grousse Merci fir är Contributiounen, Iwwerleeungen an Ustéiss.
Virdrun awer, widme mer eis dem statutareschem Deel vun eisem Kongress, mir wäerten an de kommende Minutten net just d’Riede vun der Regierung, Fraktioun, eisem Tresorier, de jonke gréngen, der EU-Deputéiert an dem Genderrot héieren, mee wëlle virun allem eis Lokalhelden zu Wuert komme loossen an hier Perspektiven op d’gréng Gemengepolitik héieren. Mir freeën eis drop.
Op eis komme spannend Zäiten duer. An deenen nächste Méint entscheet sech, wéi eist Land an d’Zukunft geet, wéi mir an Zukunft liewen. Als gréng leeë mir haut en ambitionéierten an zukunftsfäege Programm fir eis Gemengen a Stied vir.
En Programm fir eis Liewensgrondlagen ze erhalen. Fir eis Energieversuergung, eis Ekonomie, eis Infrastrukturen ze erneieren. Fir eis Gesellschaft an eis Noperschaft zesummenzehalen. Fir zesummen Zukunft ze schafen!
Mir soen iech Merci!